Skip to contentSkip to footer
Balls of Steel Stroossen

Balls of Steel Stroossen
B.O.S.S.

Umellen

Eis Sponsore

  • Distillerie Clos du Fourschenhaff - Logo
  • Reka - Logo
  • Kandel Frères - Logo
  • Meat Me - Logo
  • Feiermax - Logo
  • LaLux Assurances - Logo
  • Immobilière Glesener - Logo
  • Räiskär - Logo
  • Bakertilly - Logo
  • Distillerie Clos du Fourschenhaff - Logo
  • Reka - Logo
Balls of Balls of Steel Stroossen – De Veräi mat Gefill fir d’Boule!
Balls of Balls of Steel Stroossen – De Veräi mat Gefill fir d’Boule!

Balls of Balls of Steel Stroossen – De Veräi mat Gefill fir d’Boule!

Wat 2022 als eng Grupp vu Frënn ugefaangen huet, huet sech a kuerzer Zäit zu engem feste Bestanddeel vum Veräinsliewen zu Stroossen entwéckelt. Mat der Grënnung vun der A.S.B.L. Balls of Steel Stroossen (kuerz B.O.S.S.) am Juni 2022 hunn néng engagéiert Memberen den Grondsteen fir eppes Grousses.

Schonn am éischten Joer hunn mer iwwer 60 Memberen gezielt, Haut sinn et ronn 100 – een Beweis dofir, wéi séier eise Veräin an der Gemeng verankert ass. Ob bei der Buvette um Stroossen Beach, dem Chrëschtmaart mat eiser legendären Kürbiszopp oder duerch d’Deelhuelen un aneren lokalen Events: Mir sinn dobäi!

Dank der grousser Ënnerstëtzung vun der Gemeng Stroossen, déi eis vu Ufank u mat oppenen Äerm empfaangen huet, konnten mer eist éischt Highlight schaffen: den Ausbau vu der Petanquespist am Parc Riedgen. Säit Dezember 2022 ass eis nei Pist eng Platz, déi den Éiergäiz, Gesellegkeet a Spaass vereenen.

Mat eiser jonken, dynamescher a wuessenden Gemeinschaft freeën mir eis dorop, och an Zukunft frësche Wand an der Stroossener Veräinslandschaft ze bréngen.

Ob Ufänger, Profi oder einfach nëmmen Néigiereger – bei ons ass jiddwereen wëllkommen. Losch ob eng Ronn? Da komm laanscht a gëff ee Deel vun der B.O.S.S.-Famill!

Save the dates

Keng Evenementer virzeweisen

News

Image

19.09.2024

Frëndschaftsmatch géint d'Kollegen vun Mamer

Image

02.09.2024

Afterwork 2024

Image

31.07.2024

Veräinstournoi 2024

Image

31.07.2024

Marche Petanque 2024

Image

31.07.2024

Mammejongentournoi 2024

Méi uweisen